
D'TERRASSENDAACH.
EEFACH MOL DOBAUSSE BLEIWEN.
ÄRE PROFI FIR TERRASSENDIECH ZU LËTZEBUERG
En iwwerdaacht Fläch dobausse bitt eng Villfalt vu Méiglechkeeten. Wëllt Dir e Kaffi an enger geschützter Atmosphär genéissen oder Frënn treffen fir e Grillowend? Déi ugebaut oder fräi stoend Konstruktiounen aus Holz oder Aluminium bidden Ärer Fantasi keng Grenzen. E Glasdach mat integréierter Photovoltaik reduzéiert net nëmmen Är Stroumkäschten a mécht Iech méi onofhängeg, et bitt Iech och Plaz fir Är individuell Iddien.


TERRASSENDAACH BAUEN.
MAT WANDWERK.
Déi iwwerdaacht Basiskonstruktioun kann wéi gewënscht mat Säitewänn aus Holz oder Glas ausgebaut ginn. Optionale Sonneschutz, Beliichtung an Heizung transforméieren Ären Outdoor-Wunnraum a genau dat wat Dir wëllt. Mir ënnerstëtzen Iech mat kreativen Iddien fir individuell Planung. A mat engem integréierte Photovoltaiksystem bezilt d'Investitioun sech selwer.
AN 3 SCHRËTT ZU ÄREM NEIEN TERRASSENDAACH
1. BERODUNG
OP NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


2. PLANNING TERRASSENDAACH
INDIVIDUELL NO ÄRE WËNSCH
3. ËMSETZUNG
OP HËCHSTEM NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


Mat WANDWERK als Äre lokale Partner fir Terrassendiech kritt Dir garantéiert e perfekt Daach fir Är Terrass no Äre Wënsch.
Mir sinn nëmmen zefridde wann Dir begäschtert sidd.
Hei ass eng kleng Auswiel vu WANDWERK Terrassendiech:








KONTAKTÉIERT EIS
Fir Är Fro oder Ufro, benotzt w.e.g. de Kontaktformulaire oder rufft eis un um 283 862.
Mir fräen eis op Iech!

Manuel Freudenreich
Gérant
Zammermann- & Daachdeckermeeschter
OFT GESTALLTE FROEN (FAQ's)
Wéi vill kascht en Terrassendaach?
D'Käschte vun engem Terrassendaach variéieren immens jee no Material, Gréisst an Design. En Terrassendaach aus Aluminium, zum Beispill, ass vill méi bëlleg wéi e Terrassendaach aus Holz oder Stol mat Glaselementer.
Verzillt eis Är Wënsch an zesummen fanne mir eng Offer déi perfekt op Är Besoinen ugepasst ass.
Braucht Dir eng Baugenehmegung fir en Terrassendach?
Ofhängeg vun der Gréisst, brauch e Terrassendaach eng Baugenehmegung. Rufft eis un a mir kucken zesummen ob Äre Projet eng Baugenehmegung erfuerdert.