top of page
WANDWERK Manuel Freudenreich & Marco Schmitz

Wa Bauen zum Erliefnes gëtt...

D'WANDWERK PHILOSOPHIE

WANDWERK Manuel Freudenreich

STRESSFRÄI BAUEN A MODERNISÉIEREN

Wëllt Dir en neit oder en héichwäerteg moderniséiert Heem? Dat kompetent WANDWERK Team mat erfuerenen Handwierksfachleit ënnerstëtzt Iech fir Är Freed onënnerbrach vun der éischter Planung bis zur fäerdeger Ëmsetzung a laang duerno ze genéissen. Déi Haaptprioritéit vu WANDWERK ass et, sech strikt un d'Accorden ze halen. Egal ob et ëm fix Investitiounskäschten oder Rendez-vousen geet. Dee gréissten Ureiz hei: Iech glécklech ze gesinn an en zouverléissege Partner um Wee fir Äert Dramheem ze sinn.

Manuel Freudenreich

Gérant | Zammermann- an Daachdeckermeeschter

EIS VISIOUN

WANDWERK bitt attraktive Wunnraum fir zukunftsorientéiert, modern Leit zu Lëtzebuerg mat enger extrem gerechter Präisstruktur. Liewenskonzepter fir Leit, déi méi Zäit a Raum fir sech selwer a fir déi Saachen, déi fir si wichteg si, wëllen. WANDWERK mécht seng Cliente glécklech. Dir fillt, dass Dir a gudden Hänn sidd a gerecht behandelt gitt. Mir këmmeren eis ëm de Kaf, d'Planung, de Re-Marketing an d'Benotzung, inklusiv ëmfaassend Nieweservicer. D'WANDWERK Servicer si méi wäert fir d'Clienten wéi de Präis, deen ze bezuelen ass.

WANDWERK Marco Schmitz

Marco Schmitz

Gérant | Backoffice a Schräiner

WANDWERK ASS WÄERTVOLL

MËNSCHLECHKEET

Gutt a respektvoll Interaktioun am Allgemengen, ënnereneen am Team, awer och vis-à-vis vu Clienten, Fournisseuren a Partneren, ass Haaptprioritéit.

STAARK WUERZELE

Mir sinn mat der Regioun a Mentalitéit verwuerzelt a sinn houfreg op eis Originnen.

VERTRAUEN

Jiddereen an eisem Team kann op jiddereen vertrauen. An Dir kënnt dëst Vertrauen och genéissen. Souwuel wat d‘WANDWERK Servicer ugeet, wéi och d‘Qualitéit vun de Produkter an de laangfristegen, onkomplizéierte Service.

STOLZ

Mir sinn houfreg, Deel vun engem héich motivéierten, jonken Team ze sinn an eise Clienten super Produkter a Servicer ze bréngen.

FREED

Mir hunn dat gär wat mir maachen. A mir si frou dës Freed un eis Clienten weider ze ginn.

WANDWERK Marco Schmitz at work

WANDWERK STEET ZU SENGEM WUERT

PÉNKTLECHKEET

Pénktlechkeet ass fir eis den Ausdrock vu Respekt. Mir huelen Är wäertvoll Zäit ganz eescht a liwweren den Devis an d’Leeschtung zum Zäitpunkt, deen ausgemaach ass!

HÉCHST QUALITÉIT

„Qualitéit ass, wann de Client zeréck kënnt an nët d‘Wuer!“ Mir hätte gär, dass Dir Fans vu WANDWERK gitt! Dat geet nëmme mat Top-Qualitéit.

VERTRAUENSVOLL BEHANDLUNG

Mir schätzen et wierklech datt Dir eis Äert Vertrauen gitt fir an Ärer privater Sphär ze schaffen. Dir kënnt op déi virsiichteg a vertrauensvoll Behandlung vun Ärem Besëtz vertrauen.

PERFEKT PROPPRETÉIT

Knascht sicht Dir no der Aarbecht bei Iech ouni Succès. Mir botzen alles bis an de leschten Detail, esou wéi wann et bei eis doheem wier. A wa mir eng Keier mussen, benotze mir eis eege mobil Toilette.

DISKRETIOUN

Mir kennen d‘Ängschte, wann Handwierker am/beim eegenen Doheem schaffen. Dir kënnt Iech drop verloossen, dass mir oppassen an esou onopfälleg, ewéi nëmme méiglech, schaffe wäerten.

AUSGEBILT MATAARBECHTER

Bei eis fannt Dir nëmmen héich trainéiert Spezialisten. Zousätzlech zu hire professionelle Qualifikatiounen, sinn all eis Mataarbechter an eisem internen Trainingsprogramm forméiert ginn. Nëmmen esou kënne mir eis eege Standarden erfëllen.

NOHALTEGKEET

Mir wëllen net spéider bei eisen Kannern musse Rechnung droen firwat mir näischt gemaach hu fir d'Natur ze schützen. Dofir ass d'Nohaltegkeet vu Materialien a Baumethoden eng Saach, déi eis um Häerz läit. Mir probéieren esou vill wéi méiglech natierlech Materialien ze benotzen. Holz as e wesentlecht Baumaterial an eise Projeten an hëlleft eis, eist Zil z'erreechen. Nieft dem Nohaltegkeetskonzept, dat eis konstant begleet, kënne mir och e positiven Afloss op d'Gesondheet vun den Hausbewunner an eise Mataarbechter hunn. All eis Projete baséieren op de LENOZ Richtlinnen. De grousse Virdeel fir Iech: Eng grouss Zuel vu staatleche Subventiounen kann den néidege Baubudget wesentlech reduzéieren.

WANDWERK Schreinerei
bottom of page