
MIWWEL MANUFAKTUR.
ÄR PERSÉINLECH MEESCHTERSTÉCK.
MADE IN LUXEMBOURG. EXKLUSIV MIWWELEN NO ÄRE WËNSCH.
Abauschief, Holzbuedem, Zëmmerdieren, Trapen - alles wonnerschéin an aus der eegener, héichwäerteger, handgemaachter Produktioun vun der WANDWERK Manufaktur. Dëst mécht WANDWERK onofhängeg a séier. Eng eenzegaarteg Banneschräinerei fir Äert héichqualitativ Doheem.

AN 3 SCHRËTT ZU ÄREM EXKLUSIVE MIWWEL
1. BERODUNG
OP NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


2. PLANNING MIWWEL
INDIVIDUELL NO ÄRE WËNSCH
3. ËMSETZUNG
OP HËCHSTEM NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


Mat WANDWERK als Äre lokale Partner fir exklusiv Miwwel kritt Dir garantéiert eng nei Miwwel Unikat no Ärem Gôut.
Mir sinn nëmmen zefridde wann Dir begäschtert sidd.
Hei gesitt Dir e Beispill vun engem schéine Miwwelstéck vu WANDWERK:

KONTAKTÉIERT EIS
Fir Är Fro oder Ufro, benotzt w.e.g. de Kontaktformulaire oder rufft eis un um 283 862.
Mir fräen eis op Iech!

Manuel Freudenreich
Gérant
Zammermann- & Daachdeckermeeschter
OFT GESTALLTE FROEN (FAQs)
Wéi vill kascht en eenzegaartegt Miwwelstéck vu WANDWERK?
Dat hänkt vill vun der Demande vum Client of, vun de benotzte Materialien an der Aarbechtszäit déi un hinnen verbruecht gëtt.
Sot eis Är Iddi a mir maachen Iech eng onverbindlech Offer fir Äert gewënschte Miwwel.
Maacht Dir och zesummepassend Miwwelen?
Ja, mir kënnen e ganzen Interieur fir Iech no Ären Iddien bauen.
Kann ech eng Zeechnung schécken déi ech selwer gemaach hunn?
Jo, esou kënne mir e bessert Bild vun Ärer Iddi kréien.