Handwierk um héchsten Niveau.

MODERNISÉIERUNGEN | AUS- & UBAU

WANDWERK huet sech d'Zil gesat ëmmer ausserhalb vun der Këscht ze denken an Äre kompetente, faire Partner ze sinn fir all Themen, déi Äre Liewensconfort erhéijen. Am Portfolio hu mir fir Iech:

FASSADEGESTALTUNG

Wéi en Haus vu baussen ausgesäit gëtt duerch d‘Architektur, mee virun allem awer duerch d‘Fassad gepräägt. Mat enger moderner Fundermax-Fassad vu WANDWERK® zitt all Haus (d‘Garagenafaart, d’Reserv fir d’Poubellen asw...) d’Blécker op sech. Am Beräich vun de Fassaden aus Holz sinn Ärer Kreativitéit keng Grenze gesat. Et gëtt e risege Choix un innovativen Dekoren an Uewerflächen. Och d’Gréisste vun den Elementer an d’Fouebild ginn individuell no Äre Virstellunge geplangt a realiséiert. Zousätzlech bitt WANDWERK® hei ganz nei och déi verschiddenst Elementer, déi aus Faserzement gebonne goufe, mat ausdrocksstaarken Texturen an ënnerschiddleche Faarwen un. All d‘Fassade ginn individuell geplangt a kënnen esouwuel siichtbar oder onsiichtbar befestegt ginn. Op der ganzer Fläch oder als Akzent.

TERRASSENDAACH

Eng iwwerdeckt Fläch am Bausseberäich bitt vill Méiglechkeeten. Dir wëllt e Kaffi an enger geschützter Atmosphär genéissen oder Frënn treffen fir ze grillen? Déi ugebaut oder fräistoend Konstruktiounen aus Holz oder Aluminium bidden Ärer Fantasie keng Grenzen. E Glasdaach mat engem integréierte Photovoltaik-System reduzéiert net nëmmen Är Stroumkäschten a mécht Iech méi onofhängeg, et bitt Iech och Plaz fir Är individuell Iddien. Déi iwwerdaacht Basiskonstruktioun kann mat Säitewänn aus Holz oder Glas ausgebaut ginn. Optionalen Sonneschutz, Beliichtung an Heizung transforméiert Ären Outdoor-Wunnraum a genau wat Dir wëllt. Mir sinn fir Iech do mat kreativen Iddien fir eng individuell Planung. A mat engem integréierte Photovoltaik-System bezillt d'Investitioun sech selwer.

TERRASSEBELAG

WANDWERK bitt nieft der „klassescher“ Zammermanns-Konscht mat all hire Facetten och d’Planung an d’Realisatioun vun Ärer Terrass un. Ëmmer mat enger stabiller Ënnerkonstruktioun aus Aluminium. Fir den Terrassebelag selwer steet eng grouss Palett u Materialien zur Verfügung. Nieft verschiddenen Holzaarte vun heiheem bitt WANDWERK och exklusiv, FSC-zertifizéiert Hëlzer un ewéi zum Beispill Bangkirai, Bongossi oder Teak. All Holzterrass kritt duerch d‘Witterung an de Gebrauch eng eege Patina an entwéckelt sech zum Unikat. Als Kontrast zum „liewegen“ Holz bitt WANDWERK och eng grouss Offer u kerameschen Terrasseplacken. Des sinn immens robust a gesinn edel aus. D‘Keramikuewerflächen kënnen op Wonsch mat grousse Placke verluecht ginn. E besonneschen Highlight: Keramikplacken, déi ausgesinn ewéi aus Holz. Hei verbënnt sech déi robust Keramik perfekt mat deem natierlechen Androck vum Holz.

FËNSTEREN AM DAACH

Al Daachfënster si meeschtens net optimal isoléiert, hunn en niddrege Schallisolatiounsniveau, erlaben vill ze wéineg Dagesliicht am Raum an hunn keng gutt Vue. En Daachfënster-Tausch kann dat alles just an engem Dag behiewen. Egal wat fier en Hiersteller vun Ärer viregter Daachfënster: Bei WANDWERK kritt Dir eng moossgeschneidert Léisung mat exzellente Wärmeisolatiounseigenschaften an héijer Energieeffizienz. Eng nei Interieurverkleedung bringt méi Liicht. Et ass am beschten, Är al Fënsteren mat e puer Fënsteren oder zousätzlech Elementer z'ersetzen. Installatioun ass bal sou séier wéi wann Dir Är al Daachfënster duerch eng nei géift ersetzen. Op dës Manéier erweidert Dir Är Sicht a verbessert Äre Wunnkomfort, Är Gesondheet an Äert Wuelbefannen duerch méi Dagesliicht a frësch Loft.

AUSBAU AN UBAU

Dir wëllt Äre Wunnraum vergréisseren? Zesumme mat Iech fanne mir déi individuell Léisung fir Äre Wunnraum ze erweideren an Är Wunnqualitéit ze erhéijen. Sief et en Ubau mat vill Luucht a grousse Glasflächen, e Wantergaart, en zousätzlecht Zëmmer oder esouguer eng Vergréisserung. WANDWERK plangt a realiséiert alles, wat ee sech nëmme ka virstellen. Raumgestalter mat vill Erfarung fannen zesumme mat Iech déi perfekt Léisung a stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit. Dir kënnt schonn an der Planungsphas virtuell duerch deen zousätzleche Wunnraum goen. Esou sidd Dir sécher dass Dir och um Enn dat kritt, wat Dir Iech wënscht. De Plang vum Architekt, de Calcul vun der Statik, d‘Energieberodung, d‘Duerstellung, d’Demande fir ze bauen an de schlësselfäerdege Montage gi komplett vu WANDWERK iwwerholl. Alles aus enger Hand. Nëmmen esou ka WANDWERK déi héchst Qualitéit garantéieren an d’Delaien anhalen. Äre Plus: mir erweideren de Wunnraum iwwerdeems déi gewinnt Raim ouni grouss Aschränkung genotzt kënne ginn. Esou erlieft Dir live mat, wéi Är Dreem Wierklechkeet ginn. An dat Ganzt ouni Stress. 

GRÉNGE FLAACHDAACH

Reen, Sonn, Wand, Hëtzt, Keelt - e Flaachdaach gëtt verschiddene Wiederkonditiounen a verschiddenen Ëmweltaflëss ausgesat. Mat engem Flaachdaach vu WANDWERK garantéiert Dir déi gréisst méiglech Sécherheet fir laangfristeg dichten Daach. Nieft den ästheteschen Aspekter, ass e grénge Flaachdaach och technesch e gufdde Choix. Et ass e wäertvolle Bäitrag zum ökologesche Gebai a schaaft eng direkt Verbindung tëscht Natur an Architektur op Ärem Flaachdaach. E grénge Flaachdaach schützt den Daach a verlängert d'Liewensdauer vun der ganzer Struktur vum Gebai. De grénge Flaachdaach wierkt als Schutz géint d'Wieder a kaméidi an hëlleft d'Temperatur am Haus ze reguléieren. D'Haus bleift schéi kill am Summer an am Wanter ginn Heizkäschte gespuert. Ofwaasser a Kläranlagen ginn erliichtert well d'Reewaasser net direkt fort leeft. De grénge Flachdaach wierkt och als natierleche Filter fir Stëbs a Schuedstoffer. Déi speziell Planzen, déi vu WANDWERK benotzt ginn, brauche keen Ënnerhalt.

SUBSIDEN

LENOZ ass e Staatscertificat fir besonnesch nohalteg a gesond Gebaier. Dee garantéiert eng héich an nohalteg Konstruktiounsqualitéit vun der Planung iwwert Ausféierung bis zum Ofrappen. De grousse Virdeel fir Iech: De Staat subventionéiert de Bau no dëse Richtlinnen. Op dës Manéier kann e groussen Deel vun de Baukäschten duerch Subsiden ofgedeckt ginn.

  

© 2020 WANDWERK

WANDWERK SARL

6, rue des Promenades · L-6314 Beefort 

Tel.: +352 283 862 · eMail: info@wandwerk.lu

BÜROSZÄITEN

méindes - freides 7 - 18 Auer

samschdes 9 - 13 Auer

  • Facebook WANDWERK
  • YouTube WANDWERK
2020.02.06 logo taff outline invertiert.