
GARAGENAFAART.
SOOT ÄDDI ZU SALPETER.
ÄRE PROFI FIR GARAGENAFAARTEN ZU LËTZEBUERG.
Hutt Dir och Problemer mat Salpeter op der Mauer an Ärer Garagenafaart? Mat enger hannerlëfter Fundermax Fassad vu WANDWERK kënnt Dir dëst Problem effizient léisen – an Ärem Haus och e modernen, attraktive Look ginn.
Eis Fassaden sinn an individualisierbare Formen a Faarwen verfügbar, sou datt se optimal op Är Garagenafaart no Äre Wënsch ugepasst ka ginn.
Mat der neier Fassad gëtt Är Afaart net nëmme méi schéin, mee och méi resistent géint Wiederafloss.
Rufft eis un an informéiert Iech elo iwwert d'Méiglechkeeten vun der Verkleedung vun Ärer Garagenafaart op stilvoll an effektiv Aart a Weis – a soot endlëch Äddi zu Salpeter!

AN 3 SCHRËTT ZU ÄRER NEIER GARAGENAFAART

MAT FUNDERMAX GÉINT SALPETER.
Wa Mauersalz op Ärer Garagenafaart optrëtt, kann et eng Rei vu Grënn hunn. An de meeschte Fäll kënnt et awer duerch d'Fiichtigkeet, déi an d'Mauer andréngt a Mineralstoffer opléist. Dës kristalliséieren dann an de wäisse Polver, dee mir als Salpeter kennen. Aus eiser Siicht ass de beschte Wee fir dëst ze verhënneren eng hannerlëft Fassad aus Fundermax Panelen.
Duerch déi speziell Konstruktioun erlaabt d'Verkleedung dass d'Loft tëscht der Mauer an de Paneelen zirkuléiert. Dëst garantéiert datt sëch keng Fiichtigkeet setzt an dofir kee Salpeter entsteet. Et ass gutt fir d'Optik a fir Är Gesondheet.
Schwätzt mat eis an zesumme fanne mir déi optimal Léisung fir Iech fir Är Garagenafaart.
1. BERODUNG
OP NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


2. PLANNING GARAGENAFAART
INDIVIDUELL NO ÄRE WËNSCH AN PROFESSIONELL BERODUNG
3. ËMSETZUNG
OP HËCHSTEM NIVEAU VUM HANDWIERKS-PROFI


Mat WANDWERK als Ärem lokale Partner fir Garagenafaarten kritt Dir garantéiert eng top nei Afaart mat Fundermax Placken.
Mir sinn nëmmen zefridde wann Dir begäschtert sidd.
Hei ass eng kleng Auswiel vu WANDWERK Garagenafaarten:






OFT GESTALLTE FROEN (FAQs)
Wéi vill kascht eng Verkleedung vun enger Gragenafaart?
D'Käschte fir d'Verkleedung vun Ärer Garagenafaart hänken ënner anerem vun de Metercarré, déi ofgedeckt ginn, an der assoziéierter Unzuel vun de Fundermax Panelen déi veraarbecht ginn of. Rufft eis un a mir kreéieren eng onverbindlech Offer op Är Besoinen.
Wéi laang ass d'Liewensdauer vun enger Fundermax Fassad?
D'Liewensdauer vun enger Fundermax Fassad hänkt vu verschiddene Faktoren of wéi Ënnerhalt, Ëmwelt, Klima, Baumethod an der Qualitéit vun der Installatioun. Eng Liewensdauer vu méi wéi 40 Joer gëtt normalerweis vun enger Fundermax Fassaden erwaart. Regelméissegen Ënnerhalt kann d'Liewen verlängeren. Hutt Dir weider Froen zu der Fundermax Fassad? Rufft eis un.
Wéi laang dauert d'Verkleedung vun der Garagenafaart?
D'Dauer, déi et braucht fir eng Garageafaart ze verkleeden, hänkt vu verschiddene Faktoren of, wéi d'Gréisst an d'Komplexitéit vun der Mauer, déi verkleed gëtt, an d'Zuel vun de Placken, dei erfuerderlech sinn. Eis ausgebilt WANDWERKER suergen dofir, datt Är Garagenafaart sou séier a präzis wéi méiglech mat enger neier Fassad ausgestatt gitt.
Ass Salpeter op enger Garagenafart schiedlech fir d'Gesondheet?
Salpeter bei der Garagenafaart ass net direkt schiedlech fir d'Gesondheet, awer et kann en Zeeche vu Fiichtegkeet inklusiv Schimmelwuess sinn. Schimmel kann verschidde Gesondheetsproblemer generéieren, dorënner allergesch Reaktiounen, Otemsproblemer an Hautirritatiounen. Wann Dir Salpeter bei Ärer Garageafaart bemierkt, ass et schlau déi méiglech Ursaache vun der Fiichtegkeet z'identifizéieren an entspriechend ze reagéieren fir de Problem ze eliminéieren. Wann Schimmel scho präsent ass, musst Dir professionell Hëllef sichen fir sécherzestellen datt e sécher a grëndlech ewechgeholl gëtt.
Wann de Schimmel schonn ugefaang huet ze forméieren, empfeelen mir d'Natursteebotz vum TAFF Botzservice.
KONTAKTÉIERT EIS
Fir Är Fro oder Ufro, benotzt w.e.g. de Kontaktformulaire oder rufft eis un um 283 862.
Mir fräen eis op Iech!

Manuel Freudenreich
Gérant
Zammermann- & Daachdeckermeeschter