reLIVE 23102017_12 bearbeitet web.jpg

 MIR ERFËLLEN DREEM. 

 AM HOLZBAU. 

Handwierksleeschtungen op héchstem Niveau

WANDWERK.
ÄR EXPERTEN AN HOLZBAU A MÉI A LËTZEBUERG.

Ass Äert Haus net méi nei? Wëllt Dir et moderniséieren oder méi Plaz schafen fir nei Saachen an Ärem Heem mat enger Erweiderung oder Ëmbau? 

Sidd Dir un innovative Solarsystemer interesséiert a braucht kompetent Berodung?

Oder ass en Ubau  oder Ausbau geplangt an Dir sicht eng bëlleg Alternativ am Holzbau oder Holzhybridkonstruktioun? Bei WANDWERK kritt Dir alles. Aus enger Hand.

 

6 GRËNN FIR WANDWERK

✓  Souverän Kompetenz

✓  Präzis Aarbecht

✓  Zuverlässeg Pénktlechkeet

✓  Oprecht Frëndlechkeet 

✓  Maximal Diskretioun

✓  Perfekt Hygiène

EIS SERVICER OP EE BLÉCK 

 

MODERNISÉIERUNG

Nei Fënsteren am Daach erweideren Är Siicht a verbesseren de Wunnkomfort. Mat enger moderner Fassad vu WANDWERK zitt all Haus/Garagenafaart d’Blécker op sech. Villes méi as méiglech...

 

AUSBAU AN UBAU

Dir wëllt Äre Wunnraum vergréisseren? Zesumme mat Iech fannen déi kompetent WANDWERKer déi individuell Léisung fir Äre Wunnraum ze erweideren an Är Wunnqualitéit ze erhéijen. 

SOLAR

Sonneschutz mat zousätzleche Virdeeler fir Äert zukunftsorientéiert Heem. Egal ob Solarcarport, -terrass, -balkon, -fassad oder -glaselementer - alles ass méiglech. Ökologesch Stroumproduktioun abegraff.

Eefamilljenhaus mat Gréndaach

Neibau vun engem modernen, voll ausgestallten Eefamilljenhaus als Bungalow an Nullenergie-Konstruktioun.

Nach net iwwerzeegt?

Kuckt Iech den aktuelle Folder vum Wort oder déi aktuell WANDWERK Broschür un.

Gäre schécke mir Iech e gedréckten Exemplaire zou!

Team WANDWERK 2022

IWWERT EIS

Egal ob Dir nei baue wëllt oder eng Moderniséierung plangt. Dat jonkt, kompetent a motivéiert WANDWERKer Team freet sech fir Iech do ze sinn. An dat mat den héchste Qualitéitsnormen a Wäerter.

D'UNERKENNUNG VUM CLIENT ASS UREIZ AN ZIL

De gréissten Ureiz fir all eis Teammemberen ass, Iech frou ze gesinn an ëmmer en zouverléissege Partner ze sinn. Wa mir dëst Zil erreechen a positive Feedback vu Cliente kréien, ass dat déi gréisste Bestätegung a gläichzäiteg Motivatioun fir d'Zukunft.

marco schmitz frei_edited.png
2020_edited.png

Daachfënster ersat

 DIR HAT NET ZE VIL VERSPRACH: PROFESSIONELL, PROPPER AARBECHT, FRËNDLECH A KOMPETENT MONTEUREN. MIR SI BEGEESCHTERT IWWER D'RESULTAT A WÄERTEN ÄR FIRMA ONBEDÉNGT WEIDER EMPFEELEN.   

Client vu Monnerech

TAFF Fassadenreinigung
logo taff.png

BY WANDWERK

Är Fassad gëtt séier, einfach, schounend an nëmmen engem Dag gebotzt. Ouni Stee an deier Faarf.

NEI: Elo botze mir och Äre Pavee, Är (Holz-)Terrass, Ären Daach, Är Photovoltaikanlag, Är Mauerern a Flächen aus Naturstee a méi...

FOLLEGT EIS OP FACEBOOK

KONTAKTÉIERT EIS

Fir Är Fro oder Ufro, benotzt w.e.g. de Kontaktformulaire oder rufft eis un um 283 862.

Mir fräen eis op Iech!

2021.02 freudenreich manuel werkstatt zugeschnitten web.jpg

Manuel Freudenreich

Gérant

Zammermann- & Daachdeckermeeschter